De brittesche Sänger MAX huet mat "Gucci Bag" seng neiste Single erausbruecht.

Fakten:

De brittesche Sänger MAX huet mat "Gucci Bag" een zimmlech funky an danzbare Song erausbruecht, deen dem Nolauschterer direkt am Ouer hänke bleiwe soll. Duerch de Coachella Festival krut de jonke Sänger nach eng Kéier vill méi Bekanntheet. Bei der neier Single gëtt dem MAX säi Gesang vun de Retro-Rythmen um Keyboard ënnermoolt, wat der Single ee ganz spezielle Sound gëtt.

Aussergewéinleches:

An engem Interview huet de Sänger gesot, dass hie wärend enger Partie "Die Siedler von Catan" op d'Iddi fir dëse Song komm ass. Hei hätt hien zesumme mat zwee Kolleegen dat Spill gespillt a wärend dees wier him den Text an de Kapp komm, deen hien dunn direkt sur Place opgeholl hätt. Op déi nei Single deel vun enger EP oder engem Album ass, ass awer nach net gewosst. Am Summer wäert de Museker dann awer och an Europa op Tournée goen.

Fréier Hits:

Zum Museker senge gréissten Hits gehéieren zum Beispill Lidder wéi "Lights Down Low" au dem 2016er Album "Hell's Kitchen Angel" oder och nach d'Single "Love Me Less" déi am Joer 2019 rauskomm ass.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Jake Miller, Nick Jonas, John K