Déi koreanesch Boy Band BTS ass zeréck mat neier Musek an engem neien Album "Proof".

Fakten:

No hirer Hit-Single "My Universe" zesumme mat Coldplay ass d'Boyband BTS endlech mat neier Musek zeréck. Haut stelle mir iech déi nei Single "Yet To Come" vir, déi och op dem neien Album "Proof" mat drop ass. An der Single sangen si iwwert hier Vergaangenheet an all déi schéi Momenter déi si als Band bis elo erlieft hunn. Awer och hir Zukunft ass Thema an dësem Lidd, an déi si ganz optimistesch kucken.

Aussergewéinleches:

D'Band huet dann zesumme mat der Single "Yet To Come" och hire neien Album released, op dem net nëmmen nei mee och vill scho bekannte Lidder mat drop sinn. Et brauch een nawell och bëssen Zäit fir de kompletten Album ze lauschtere vue dass am ganzen 48 Lidder mat drop sinn. Hei fënnt een ënnert anerem aktuell Lidder wéi "Boy With Luv" zesumme mam Halsey awer och méi al Tracks wéi "No More Dream".

Fréier Hits:

BTS hire gréissten Hit bis elo war warscheinlech d'Single "Dynamite", mat der si international risegen Erfolleg haten. Mee och hir lescht Single "My Universe" zesumme mat der brittescher Band Coldplay war a ganz ville Länner ganz uewen an den Charts vertrueden.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

j-Hope, RM, Stray Kids