Haut stelle mer déi nei Single vun der amerikanescher Sängerin Halsey vir

Fakten:

An der neier Single "So Good" probéiert déi amerikanesch Sängerin Halsey ze erkläre wéi een am beschte mat Libeskommer soll eens ginn. An dësem Fall séngt hat aus eegener Erfarung nodeems d'Bezéiung zu sengem Ex an d'Brech gaangen ass. Eigentlech ass et een alt-bekannte Pop-Song Thema an trotzdeem séngt an erkläert all Mënsch seng Siichtweis nach eng Kéier anescht.

Aussergewéinleches:

D'Halsey huet ee ganz eegene Museksstil fir sech fonnt, deen eng Mëschung tëschent Pop an elektronescher Musek ass. Duerch säi Museksstil, deen och ganz villen anere Museker gefält, krut d'Musekerin schonn d'Méiglechkeet mat verschiddene Starts wéi dem Pink, Britney Spears oder Selena Gomez zesummen ze sangen. Awer och der Sängerin hir Jugend, an der d'Halsey vill Oldschool Hip-Hop gelauschtert huet, hunn säi Museksstil och gepräägt.

Fréier Hits:

Bis elo huet d'Sängerin scho 4 Studioalbe rausbruecht, déi et all zimmlech laang an den Charts gepackt hunn. Hei waren dann och seng grouss Hits wéi "Closer" oder "Without Me" mat drop, mat deenen hat op de Streaming-Plattforme schonn déi eng oder aner Millioun geknackt huet.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Rita Ora, Ariana Grande, Alessia Cara