No hirem Album "Give Me The Future" ass d'Band Bastille lo scho mat neier Museker zeréck.

Fakten:

Direkt no hirem neien Album "Give Me The Future", deen de 4. Februar 2022 rauskomm ass, ass d'Indie Band Bastille elo scho rëm zeréck mat hirer neier Single "Remind Me". D'Single ass eng bësse méi poppeg Single déi awer trotzdeem komplett am Sound vu Bastille sech befënnt. Ob dann nach schonn dee nächsten Album vun der Band geplangt ass, ass bis elo awer nach net gesot ginn, mee Batille halen hir Fans mat neier Musek op jiddefalls mol op Trapp.

Aussergewéinleches:

Aussergewéinlech ass dann definitiv de Museksvideo vun dëser Single bei der Bastille wierklech alles wat d'Technik hier gëtt opgefuer hunn. Wann een sech de Video vu "Remind Me" ukuckt, da fillt een sech wéi wann een op engem Live-Concert vun der Band mat dobäi wier, deen an enger futuristescher Staat stattfënnt.

Fréier Hits:

Déi brittesch Indie-Rockband ass duerch hire groussen Hit "Pompeii" aus dem Joer 2013 berüümt ginn. Awer och d'Single "Things We Lost In The Fire" huet d'Band un d'Spëtzt vun den internationalen Charts katapultéiert. Nach haut lafen dës Lidder vill op de Radiostatioune weltwäit.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Of Monsters and Men, Walk The Moon, Imagine Dragons