Den däitsche Sänger Nico Santos huet seng nei summerlech a funky Single "Weekend Lover" released.

Fakten:

Nodeems de Nico Santos och hei am Land ee Concert gespillt huet a seng Fans begeeschtert huet, huet hien och lo seng neiste Single "Weekend Lover" released. Mat dëser summerlecher funky Single probéiert de Museker ee Song ze liwweren, deen een de ganze Weekend ka lauschtere fir Party ze maachen an einfach seng fräi Zäit ze genéissen.

Aussergewéinleches:

Dëse Song deen engem de Weekend da soll schmackhaft maache gouf ënnert anerem zesumme mam Produzent Purple Disco Machine produzéiert. De Nico Santos sou wéi och de Purple Disco Machine hunn eng gemeinsam Léift fir French House, Fun an d'70er Joren. Hei goufen d'Instrumenter dann och all Live agespillt a kommen net aus engem Mëschpult. Dat ass fir den Nico Santos ëmmer wichteg, fir dass et um Album esou kléngt wéi wann et live wier.

Fréier Hits:

Zum Nico Santos senge gréissten Hits gehéiere Lidder wéi "Play With Fire" "Rooftop" oder "Better". Mat dëse war hien och wäit iwwert d'Grenze vun Däitschland bekannt ginn.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Wincent Weiss, Mike Singer, LEA