Haut stelle mer déi nei Versioun vum Cat Burns senger Single "go" vir.

Fakten:

D'Sängerin Cat Burns beschreift a senger neier Single "go" een Horror-Zenario deen sech keen wärend enger Bezéiung wënscht. Hei geet et ëm eng Bezéiung wou een mat engem One Night Stand friem geet. Déi ganz EP op der dann och dës Single mat drop ass behandelt eigentlech d'Thema vum Vertrauensbroch tëschent zwee Mënschen an heescht "emotionally unavailable".

Aussergewéinleches:

Eigentlech huet d'Cat Burns seng Single "go" schonn am Joer 2020 erausbruecht. Duerno huet hat mat villen anere Museker zesummegeschafft an eng Rei Remixen released. Lo am Joer 2022 huet sech d'Musekerin mam Sam Smith zesummegedoen fir d'Single nach eng Kéier an enger ganz emotionaler neier Versioun opzehuelen. De Sam Smith war virun enger Zeit um Cat Burns seng Musek opmierksam ginn a wollt onbedéngt och eng Kéier mat him zesummeschaffen.

Fréier Hits:

Bis elo huet d'Sängerin Cat Burns nach net esou vill Musek rausbruecht. Eng Single mat der hat awer scho bësse méi bekannt ginn war, war d'Single "I Don't Blame You" aus dem Joer 2019 mat der hat dann och déi éischte Kéier méi wéi eng Millioun Streams erreecht huet.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Jessie J, Jorja Smith, Frank Ocean.