Haut stelle mer déi nei Single vum däitschen Elektro-Projet Glockenbach vir.

Fakten:

Den däitschen Elektro-Projet Glockenbach huet sech fir seng neiste Single "Dirty Dancing" mat der islännescher Singer a Songwriterin Ásdís zesummegedoen. Doraus ass eng Single entstanen, déi souwuel déi typesch Glockenbach Vibes huet an awer trotzdeem vun enger markanter Stëmm ënnermoolt ginn. Si selwer soen, dass dësen Track soll fir Euphorie op der Danzpist soll suergen.

Aussergewéinleches:

Wat wierklech ganz aussergewéinlech ass, ass dat kee wierklech weess, wien hannert dem Musekskollektiv Glockenbach stécht. Sie selwer beschreiwen sech als däitscht Kollektiv, wat aus verschiddene Produzente besteet, an d’Welt mat Elektro-Pop Musek versuerge well.

Fréier Hits:

Schonn eleng mat hire leschten zwou Singles "Redlight" an "Brooklyn" konnte Glockenbach am ganze scho méi wéi 100 Millioune Streams erreechen. Domadder hunn si et dann och direkt an d'Charts gepackt. An Däitschland gehéiert d'Single "Brooklyn" dann och lo schonn zu deenen Top 10 Radiolidder vun allen Zäiten.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

HUGEL, Max Lean, ZIZ, MEDUN