Den DJ Marshmello huet sech nach eng Kéier mam Sänger Khalid zesummegedoe fir hir nei Single "Numb".

Fakten:

Fir seng neiste Single huet de Star-DJ Marshmello sech mat sengem gudde Kolleg a Sänger Khalid zesummegedoen. Dorausser ass déi ganz relax Pop-Trap Single "Numb" entstane bei der ee wierklech Loscht kritt relax éierens an der Sonn ze relaxen. Trotzdeem ass genuch Deep-House vum Marshmello agebaut gi fir dass et trotzdeem eng Party Single bléift. Am Text séngt de Khlalid dovunner, wéi et ass säi Liewe mat enger neier Léift ze genéissen.

Aussergewéinleches:

Et ass net déi éischte Kéier dass den DJ Marshmello an de Sänger Khalid zesummegeschafft hunn. Am Joer 2017 hunn si schonn eng Single mam Numm "Silence" op de Marché bruecht. An Zwëschenzäit huet dës Single op Spotify och scho méi wéi 1.2 Millioune Streams erreecht. Duerch hier Zesummenaarbecht ass eng Frëndschaft tëschent deenen zwee Museker entstanen, déi warscheinlech nach deen een oder aneren Track wäert mat sech bréngen.

Fréier Hits:

De Marshmello ass scho laang keen Onbekannte méi an der DJ Zeen. Hien huet op alle grousse Festivalle gespillt an huet mat Hits wéi "Happier", "Silence" oder och "Leave Before You Love Me" zesumme mat den Jonas Brothers d'Charts weltwäit erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

The Chainsmokers, Mike Perry, Maritin Jensen