
© Rockhal
No hirem Concert hei zu Lëtzebuerg huet déi amerikanesch Band ronderëm de Will.i.am eng nei Single released.
Fakten:
Am Virfeld vun hirem Concert hunn d'Black Eyed Peas eis am Interview scho verroden, dass nei Musek wäert erauskommen an hei ass se lo. Déi nei Single "Don't You Worry" zesumme mam Shakira an dem David Guetta soll op jiddefalls Optimismus a Positivitéit verbreeden. Doraus ass eng zimmlech funky an trotzdeem elektronesch Single entstanen, bei der ee kloer héiert dass den David Guetta matgeschafft huet. Dës Single wäert dann och op dem neien Album vun der Band mat drop sinn.
Aussergewéinleches:
D'Band The Black Eyed Peas hunn sech am Joer 1995 gegrënnt an haten hiren Duerchbroch an de fréien 2000er Joren zesumme mat der Sängerin Fergie a Songs wéi "Pump It" oder "Mas Que Nada". Bis 2010 krut d'Band dann och scho 6 Grammys a vill aner Präisser. Viru kuerzem hunn si dann och dës Hits all hei zu Lëtzebuerg presentéiert, wéi si beim Open Air Belval op der Bün stoungen
Fréier Hits:
De leschten Album "Translation" vun The Black Eyed Peas hat ganzer 4 Nummer-1 Hits mat dobäi. D'Single "Ritmo" huet esouguer 2 mol Platin-Status erreecht a stoung 24 Wochen op der Platz 1 vun de Billboard Hot Latin-Charts.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flo Rida, Taio Cruz, Pitbull