Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Beyoncé!

Fakten:
Mat de Wierder "6. BREAK MY SOUL midnight ET" huet d'Beyoncé säin neien Titel op senge sozialen Netzwierker annoncéiert. Scho méi laang war gewosst, dass geschwënn nei Musek vun der Kënschtlerin erauskomme soll. Dee leschte gréissere Release war d'Single "Black Parade" am Juni 2020. "BREAK MY SOUL" ass déi éischt Single-Auskopplung vum Beyoncé sengem neien a siwente Projet "Renaissance", deen den 29. Juli erauskomme soll. De Song erënnert un den House-Sound aus den 90er-Joren an u Lidder ewéi "Show Me Love" vu Robin S oder "Push The Feeling On" vun den Nightcrawlers. Op "BREAK MY SOUL" ass iwweregens e Sample vun der amerikanescher Rapperin a Bounce-Music-Legend Big Freeda drop. Mat him hat d'Beyoncé schonn um 2016er-Song "Formation" zesummegeschafft.

Aussergewéinleches:
"With all the isolation and injustice over the past year, I think we are all ready to escape, travel, love, and laugh again." an "I feel a renaissance emerging." - mat deene Wierder hat d'Beyoncé schonn 2021 an engem Interview subtil den Titel vu sengem neien Album ugekënnegt. An ëm deen neien Album, respektiv deen neie Projet ginn et aktuell wëll Spekulatiounen. Ganz warscheinlech ass et zum Beispill, dass de Projet "Renaissance" an e puer Akten wäert erauskommen. Den "act i" soll deemno den 29. Juli erauskommen, wéi vill der duerno nokommen ass awer net gewosst. Aktuell ginn et dann och Insider déi behaapten, dass um neie Projet esouwuel Dance-Tracks, ewéi och Lidder déi méi an d'Country-Richtung ginn mat drop wäerte sinn. Anscheinend wier de Ryan Tedder dann och erëm um Songwriting vu "Renaissance - act i" bedeelegt. Hien hat jo ënnert anerem schonn de Beyoncé säin 2008er-Hit "Halo" geschriwwen.

Fréier Hits:
"Halo", "Single Ladies" oder "Run The World" gehéieren ouni Zweifel zum Beyoncé senge gréissten Hits. Donieft hat d'Kënschtlerin awer och erfollegräich Kollaboratiounen mam Jay-Z ("Crazy In Love") oder Ed Sheeran ("Perfect").

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Destiny's Child, Kelly Rowland, Solange & Rihanna