Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum John Legend!

Fakten:
No senger Kollaboratioun "Dope" zesumme mam Rapper JID ass den John Legend zeréck mat sengem neie Song "Honey". Hei huet hien mat der amerikanescher Singer/Songwriterin Muni Long zesummegeschafft. Dass den John Legend gär iwwer Sex a Léift séngt ass gewosst. A wat hien op "Honey" mat Zeilen ewéi "When you put your fingers in this / Orange blossom honeycomb" oder "When it drip, baby, don't wast a drop" mengt, dierft dann och jidderee verstoen. Säin neie Release ass op allefalls de perfekte Love-Song fir de Summer. Dem John Legend säi Charme a seng onwarscheinlech smooth Stëmm kënnt dir de 6. Juli och hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal erliewen!

Aussergewéinleches:
Viru sengem Solo-Debut-Album "Jukebox" huet d'Muni Long Lidder fir aner Artist*inne geschriwwen. Zum Beispill war hatt als Songwriterin u "California King Bed" vum Rihanna, "Worth It" vu Fifth Harmony, "Love So Soft" vum Kelly Clarkson, "Imagine" vum Ariana Grande an "Timber" vum Pitbull & Kesha bedeelegt. D'Muni Long war fir seng Aarbecht um H.E.R. sengem Album "Back of My Mind" och scho fir e Grammy nominéiert.

Fréier Hits:
No sengen zwee éischten Alben "Jukebox" a "Coloured" hat d'Muni Long Enn 2021 grousse kommerzielle Succès mam Song "Hrs and Hrs", deen op TikTok viral gaange war. Domat stoung d'Musekerin fir déi alleréischte Kéier an den Top 20 vun de Billboard Hot 100 an et huet him e Plackekontrakt beim Label Def Jam Recordings erméiglecht. Den John Legend kenne mir alleguer duerch säin "All of Me". Donieft gehéieren "Ordinary People", "Save Room" oder "Love Me Now" zu senge groussen Hits. Am Juni 2020 ass säin aktuellen Album "Bigger Love" erauskomm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Alicia Keys, Sam Smith, Celeste & Silk Sonic