Haut stelle mer déi nei Single vun der amerikanescher Rock-Band Imagine Dragons vir.

Fakten:

Déi amerikanesch Band Imagine Dragons misst no hirem grandiosen Optrëtt beim Open Air Belval zimmlech jidderengem ee Begrëff sinn. Elo ass d'Band dann och mat der neier Single "Sharks" zeréck, wat een zimmlech emotiounsgeluedenen an epesche Song ginn ass. Dëse wäert dann och op dem neien Album "Mercury - Act 1 & 2" mat drop sinn. Dësen Duebelalbum vun dem mer jo schonn deen éischten Deel kenne wäert den 1. Juli 2022 op de Marché kommen.

Aussergewéinleches:

Fir eng Single erauszebréngen ass et ganz ville Bands och ëmmer wichteg ee gudde Museksvideo erauszebréngen. Esou och bei den Imagine Dragons, déi zesumme mam Regisseur Drew Kirsch ee Video gedréint hunn, deen hir Heemechtsstaat soll weise wéi se et verdéngt huet. Also voller Party, Ënnerhalung a Konscht. Si wëllen dermadder weisen, dass et bei hinnen ëmmer eppes ze erliewe gëtt.

Fréier Hits:

D'Band Imagine Dragons ass eigentlech duerch hire Welthit "Radioactive" bekannt ginn. Mat dësem hunn si et direkt bis ganz no uewen an den internationalen Charts gepackt an hunn esou zimmlech all Rekord gebrach. Awer och Lidder wéi "Believer" oder "Thunder" gehéieren zu deene ganz groussen Hits vun der Band.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Bastille, OneRepublic, Walk The Moon