Haut presentéiere mir déi nei Single vum däitsche Kënschtler Gentleman!

Fakten:
No sengem leschten komplett däitsch-sproochegem Album "Blaue Stunde" ass den Gentleman zeréck mat enger neie Single op Englesch. Gläichzäiteg mam Song-Release huet den däitsche Reggae-Museker och en neien "internationalen" Album ugekënnegt. Mat Lines ewéi "I got to find me some piece of mind / ... / oh, where the rules are still defined / by nature" hëllt den Gentleman eis mat an d'Natur - do wou hien am Beschten ofschalten an erofkomme kann.

Aussergewéinleches:
Nieft sengen Tracks op Däitsch an Englesch, séngt den Gentleman och op Patois, och nach genannt Patwa(h). Dat ass eng Kreolsprooch mat englesche Wuerzelen, déi virun allem op Jamaika verbreet ass. Patois gëtt ausserdeem op anere Karibik-Inselen ewéi Belize, Costa Rica, Panama oder Guatemala ewéi och a verschiddenen Deeler vun den USA an a villen anere Länner geschwat.

Fréier Hits:
Mat sengen däitschen Tracks "Schöner Tag (feat. Sido & Jugglerz)", "Devam (feat. Luciano & Ezhel)" oder "Ahoi" hat den Gentleman an der Lescht groussen Erfolleg. Virun allem sinn et awer seng englesch-sproocheg respektiv international Songs ewéi "It No Pretty", "To The Top", "Superior" oder "Intoxication" déi jiddereen dierft a gudder Erënnerung hunn!

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Ky-Mani Marley, Seeed, Max Herre & Tamika