Déi däitsch Sängerin Lena ass zeréck no engem Joer mat senger neier Single "Looking For Love".

Fakten:

Déi lescht Zäit war et nawell musikalesch zimmlech roueg ëm déi däitsch Sängerin Lena Meyer-Landrut ginn. Elo ass d'Lena awer zeréck mat senger neister Single "Looking For Love" an der et wéi den Titel et jo scho seet ëm dat risegen Thema Léift geet. D'Lena well weisen dass et heiansdo net wierklech einfach ass déi passend Persoun ze fannen. Trotzdeem soll d'Single awer fir gutt Laun suergen an d'Leit zum danze kréien.

Aussergewéinleches:

Et ass déi éischt Single zanter engem Joer, déi déi jonk däitsch Musekerin erausbruecht huet. Dëst kann dann och mol een Trouscht si fir all seng Fans, déi nawell zimmlech enttäuscht waren, wéi d'Lena ganz kuerzfristeg seng ganz Tournée fir 2022 ofgesot huet. D'Musekerin géif sech nach net sécher genuch fille fir scho rëm virun ausverkaaften Halen ze spillen.

Fréier Hits:

Am Joer 2010 war déi däitsch Musekerin deemools duerch den Eurovision Song Contest bekannt ginn. Hei huet hat déi éischt Platz mat senger Single "Satellite" gewonnen, déi hat zesumme mam Stefan Raab geschriwwen hat. 2011 koum d'Musekerin awer just nach op déi 10t Platz. Awer och méi nei Lidder wéi "Better" oder "Strip" gehéieren zu all Setlist vun der Musekerin mat dobäi.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Stefanie Heinzmann, Tim Bendzko, Silbermond