Haut stelle mer iech déi nei Single "Afraid To Feel" vum schotteschen Duo LF System vir.

Fakten:

Och wann et de schotteschen DJ-Duo LF System réischt säit 2 Joer gëtt, sinn si awer och schonn zimmlech bekannt ginn. Viru kuerzem hunn si dann och elo hir neiste Single "Afraid To Feel" erausbruecht, déi eng dynamesch House-Single ass déi definitiv fir gutt Laun suergt an duerch déi verschidden Tempoen a Samplen och net langweileg gëtt.

Aussergewéinleches:

Déi zwee DJ'en vum LF System hunn sech fir hir nei Single "Afraid To Feel" un engem Lidd aus dem Joer 1979 vun der Funk-Band Silk inspiréiert an dës gesampelt. Fir dës Zesummesetzung vu Lidder ass den DJ-Duo an der Vergaangenheet och bekannt ginn. Si bréngen et ëmmer rëm fäerdeg déi richteg Samplen ze fanne fir hir Hits ze produzéieren.

Fréier Hits:

Am Joer 2020 hunn LF System mat der EP "WiB" déi éischt zwee Tracks erausbruecht. Dat nämmlecht Joer koum dann och schonn déi zweet EP "We Can't Be Dreaming" eraus. Deen éischte bësse méi grousse Succès hat den Duo da réischt am Joer 2021 mam Lidd "Dancing Cliché". AN Zukunft wäert een awer nach warscheinlech déi eng oder aner Kéier vum DJ-Duo héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Purple Disco Machine, Felix Jaehn, Lost Frequencies