Haut stelle mer dem Drake seng Single "Massive" vu sengem neien Album vir.

Fakten:

Dem Drake seng Single "Massive", déi och um neien Album mat drop ass, handelt eigentlech vun enger Bezéiung an der sech déi zwou Persoune verluer hunn an sech ëmmer méi ausenee gelieft hunn. Laut dem Drake wier Opginn awer keng Optioun gewiescht mee hie wéilt sech rëm méi no kommen. Den Drake séngt an dëser Single méi melodesch an doduerch entsteet eng relax Dance-Single.

Aussergewéinleches:

De 16. Juni 2022 ass op eemol ganz spontan dem Drake säin neien Album "Honestly Nevermind" erauskomm, mat deem eigentlech kee sou wierklech gerechent hat. Dat ass dann och scho säi 7ten Album an ass just 9 Méint no sengem Hit-Album "Certified Loverboy" op de Marché komm. Den neien Album ass awer éischter een anere Stil wéi een dat vum Rapper gewinnt ass an et steet éischter de Gesang wéi de Rap am Fokus.

Fréier Hits:

Den Drake huet am ganze scho 7 Studio-Alben erausbruecht déi zimmlech all ganz uewen an den Charts stoungen. Säi gréissten Hit war awer d'Lidd "One Dance" wat op Spotify schonn iwwer 2 Milliarde mol gelauschtert ginn ass. Awer och Lidder wéi "Passionfruit" oder "God's Plan" gehéieren zum Drake senge groussen Hits.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Big Sean, J. Cole, Mee Mill