Haut stelle mer déi nei Single "Selfish" vun der schottescher Sängerin Bow Anderson vir.

Fakten:

Bei der neier Single "Selfish" séngt déi schottesch Singer a Songwriterin Bow Anderson vu senger Bezéiung zu sengem Ex-Frënd dee nawell zimmlech vu sech selwer iwwerzeegt war. Hien huet ugefaange wärend der Bezéiung hannert dem Bow Anderson sengem Réck hat ze hannergoen ouni dass hat eppes dovunner wousst. D'Sängerin well mat dëser Single soen, dass een sech nie soll ausnotze loosse soll a sech ëmmer trei bleiwe soll. D'Single "Selfish" ass éischter um 60er Joore Stil orientéiert an huet awer trotzdeem genuch modern Pop-Elementer mat dran.

Aussergewéinleches:

Nodeems d'Bow Anderson zu Edinburgh a Schottland opgewuess ass, huet hat ugefaangen Trampolinsport ze maachen. Duerch eng schwéier Verletzung huet hat allerdéngs am Alter vu just 13 Joer missen ophale mat dem Sport an huet ugefaange Musek ze maachen. Duerno huet hat zu London Musek studéiert.

Fréier Hits:

D'Bow Anderson hat säi groussen Duerchbroch an der internationaler Museksbranche am Joer 2020 mam Hot "I Just Wanna" zesumme mam DJ Felix Jaehn. Bis elo huet d'Sängerin awer nach keen Album erausbruecht mee dat kann sech awer definitiv an deenen nächste Méint a Joren änneren. Säi gréissten Hit hat d'Sängerin bis elo awer mat der Single "20's" déi hat am Mee 2022 erausbruecht hat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Justin Jesso, Emily Roberts, Leepa