
Haut stelle mer déi nei Single vum Doja Cat vir, déi och am Elvis Film virkënnt
Fakten:
Viru kuerzem huet d'Sängerin Doja Cat seng neiste Single "Vegas" released. Hei handelt et sech ëm e Sample vun engem Lidd vun 1952 dee vum Elvis Presley selwer och gesonge gouf. Natierlech huet d’Doja Cat säin eegene Sound domat kombinéiert. D’Rapperin hat "Vegas" fir déi éischte Kéier um Coachella-Festival am Abrëll gesongen. Elo ass d'Single dann awer offiziell op de Marché komm an et héiert ee wierklech dass se un de 60er a 70er Joren orientéiert ass.
Aussergewéinleches:
Déi 26 Joer aal Sängerin Doja Cat hat eigentlech gesot, dass hat am Museksbusiness wéilt méi lues maachen. No sengem zweeten Album "Hot Pink" deen d'Sängerin déi éischte Kéier an d'Charts katapultéiert huet, koum d'Musekerin net méi wierklech zur Rou an huet och ënnert engem Burn-out gelidden. Doduerch war eigentlech guer net gewosst dass iwwerhaapt nach Musek vun der Sängerin géif erauskommen. Ob dës Single lo eng eemoleg Saach war a wéi et lo an Zukunft weider geet ass och nach net gewosst.
Fréier Hits:
D'Doja Cat huet jo schonn 2014 seng éischt EP erausbruecht an huet säitdeem eng ganz Rei Lidder an Alben erausbruecht. Säi gréissten Hit hat d'Sängerin da warscheinlech awer d'Lidd "Kiss Me More" aus dem Joer 2021. Den Album "Planet Her" huet dann och all Rekorder gebrach a stoung wochelaang ganz uewen an den internationalen Charts.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
H.E.R., Willow, Alina Baraz