Haut stelle mer déi nei Single vum Star DJ Tiësto zesumme mat der Sängerin Charli XCX vir.

Fakten:

Den hollänneschen DJ Tiësto ass mat sengen 53 Joer schonn dat engt oder anert Joer an der Museksbranche ënnerwee. An deene leschte Joren huet hien dann och nach ëmmer eng ganz Rei Hits released bei deenen hie mat ville Sänger a Sängerinnen zesummegeschafft huet. Fir seng neiste Single "Hot In It" huet hien sech mat der brittescher Singer a Singwriterin Charli XCX zesummegedoen. Dobäi ass eng typesch Tiësto Party Single erauskomm, déi vun der markanter Stëmm vun der Sängerin ënnermoolt gëtt. D'Single passt perfekt bei déi de Summer a bei d'Festivallen. Am Text geet et eigentlech drëms, dass een sech ëmmer a sengem Kierper soll gutt fillen an der Welt dat och weise soll.

Aussergewéinleches:

Den Tiësto huet sech am Alter vun 8 Joer schonns Intresséiert fir DJ ze sinn.2000 am Alter vun 31 Joer huet hien säin Duerchbroch gefeiert, a gelt zënter hier als ee vun deene wichtegsten DJ`en Weltwäit. Den Tijs Michiel Verwest wei den Tiësto richteg heescht, ass fir vill Museker an aner DJ`en eng Aart Mentor.

Fréier Hits:

Den Tiësto ass warscheinlech ee vun deene bekanntsten DJ'en op der Welt. Mat senger laangjäreger Erfarung huet hie scho gefillten onendlech vill Hits released a stoung op alle grousse Bünen op der ganzer Welt. Zu sengen Top-Hits gehéiere Lidder wéi "The Business", "The Motto" oder "Don't be Shy".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Armin Van Buuren, David Guetta, Martin Garrix