Den iresche Museker huet déi éischt Single vu sengem neien Album released.

Fakten:

Den iresche Singer a Songwriter Dermot Kennedy ass am Joer 1991 an engem klenge Viruert vun Dublin op d'Welt komm an huet et vun do op déi ganz grouss Büne gepackt. Elo ass hien zeréck mat senger neister Single "Dreamer", déi wéi een et vum Museker gewinnt ass eng ganz gefillsvoll Ballad ass, déi an dësem Fall vum Piano ënnermoolt gëtt. Dësen Track wäert dann och um Dermot Kennedy sengem neien Album "Sonder" mat drop sinn, deen den 23. September wäert erauskommen.

Aussergewéinleches:

Alles huet beim Dermot Kennedy eigentlech awer als Stroossemuseker a jonkem Alter ugefaangen. Hei huet hien op de Stroossen vun Dublin gespillt wou hien d'Leit mat senge Songs begeeschtert huet. Wien awer lo mengt hien hätt sech einfach sou dohinner gestallt dee läit falsch. Hien huet sech et do bequeem gemaach an huet ënnert anerem seng hallef Stuff mat ronderëm geschleeft fir ee gemittleche Feeling opzebauen. Wann et gutt gelaf ass huet de Museker dann och bis zu 650€ verdéngt.

Fréier Hits:

Dem Dermot Kennedy säin Debut-Album ass sou gutt ukomm gewiescht, dass en méi wéi 1,5 Millioune mol verkaaft ginn ass. Säin gréissten Hit hat den iresche Sänger awer ganz sécher mat der Single "Better Days" mat der hien et international iwwerall an d'Charts gepackt huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Ryan McMullan, JP Saxe, Wild Rivers