Déi finnesch Sängerin ALMA ass zeréck mat engem neie Song.

Fakten:

Déi 26 Joer al finnesch Sängerin ALMA ass bekannt fir seng faarweg gefierften Hoer awer och fir seng markant Stëmm. Elo ass hat zeréck mat senger neier Single "Everything Beautiful" an der hat doriwwer séngt, dass och alles wat schéin ass eng Kéier eriwwer ass. Den Text vun der Single ass nawell een zimmlech déifgrënnegt Thema a wäert och op dem neien Album mat drop sinn, dee geschwënn soll erauskommen. Wéi bei engem Buch de Cover soll dëse Song och den Album beschreiwen.

Aussergewéinleches:

D'Sängerin ALMA ass virun 9 Joer mat 17 Joer bei der finnescher Talent Show "Idols" fir déi éischte Kéier opgetrueden. Nodeems hat hei an der Sendung déi 5. Platz erreecht hat, huet et nach zwee Joer laang gedauert, bis hat säin éischte Kontrakt mat Universal Music kritt huet. Niewend sengen eegene Lidder schreift d'ALMA ënnert anerem och Lidder fir Stare wéi d'Lana De Rey oder d'Ariana Grande.

Fréier Hits:

Säin éischten Album huet d'Musekerin am Joer 2020 erausbruecht a stoung fir 6 Wochen a Finnland op der Platz 1 vun den Charts. Zu senge bekannte Lidder gehéieren da Songs wéi zum Beispill "Chasing Highs" oder "Dye My Hair".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Charli XCX, Ariana Grande, Lana Del Rey