Et ass schonn déi zweet Single, déi déi zwee Museker dëse Mount zesumme released hunn.

Fakten:

De Norwegeschen DJ Kygo huet sech fir seng aktuellste Single "Lost Without You" mam  australesche Singer a Songwriter Dean Lewis zesummegedoen. Hei huet de Kygo och de komplette Song selwer produzéiert a ganz vill Häerzblutt dra geluecht. Doraus ass awer eng Single entstanen déi ee bësse rëm un dem Kygo seng Ufankszäit als DJ erënnert. Et kritt een op jiddefalls Loscht ze danze bei dësem Track. De 16. Oktober wäert den Dean Lewis dann och a Lëtzebuerg am Atelier op der Bün stoen an eventuell wäert een hei jo dësen Track och ze héiere kréien.

Aussergewéinleches:

E puer Woche virum Release vun dëser Single hat de Kygo schonn ee Lidd zesumme mam Dean Lewis erausbruecht. D'Single "Never Really Loved Me" haten si zesummen zu Los Angeles geschriwwen. Wéi si zesummen am Studio soutzen an un dëser Single geschriwwen haten, ass hinnen op eemol nach direkt eng weider Single agefall. Doraus ass dann dës Single "Lost Without You" entstanen.

Fréier Hits:

De Kygo huet 2016 säin éischten Album "Cloud Nine" erausbruecht an ass säitdeem net méi ze bremsen. Hien bréngt ee Radio-Hit no dem aneren eraus. Dozou gehéieren dann och Lidder wéi "It Ain't Me", "Firestone" oder och "Higher Love". Och op de Festivallen ass hie gär gesinn a suergt mat senger Musek ëmmer rëm fir gutt Stëmmung.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Martin Jensen, Mike Perry, Sigala