Déi däitsch Sängerin ass zeréck mat sengem neie Song "Third Wheel".

Fakten:

Déi 20 Joer al däitsch Sängerin Zoe Wees huet déi lescht 2 Joer ëmmer rëm fir Hits gesuergt. Lo ass d'Zoe Wees zeréck mat enger Single déi een eigentlech schonn eng Kéier wärend senger Tournée am Fréijoer héieren huet. D'Lidd "Third Wheel"  handelt dovunner dass d'Zoe Wees an enger Bezéiung dat drëtt Rad war an sech doduerch wierklech schlecht gefillt huet.

Aussergewéinleches:

Di däitsch Sängerin huet 2017 bei der Castingshow "The Voice Kids" matgemaach. Hatt huet d'Show zwar net gewonnen, huet do awer den Ed Sheeran kenne geléiert. Och hien huet erkannt, dass hatt eng besonnesch Stëmm huet. Dee Weltstar huet deemools gemengt: "D'Zoe huet eng Stëmm, déi absolut no fir geet an eng ganz besonnesch Presenz huet."

Fréier Hits:

D'Zoe Wees huet et an Europa definitiv scho bis ganz no uewe gepackt. Elo ass hat awer och amgaang op anere Kontinenter Fouss ze faassen. Mat Lidder wéi "Control" oder "Girls Like Us" huet hat sech an d'Häerzer vun de Fans gesongen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

James Arthur, Benee, Julia Michaels