Haut stelle mer ee Lidd vir, wat engem nawell bekannt virkomme kéint.

Fakten:

1981 konnt d'Disco-Formatioun Earth Wind & Fire mat hirem "Let's Groove" e groussen Erfolleg feieren. De Londoner DJ a Produzent Majestic huet sech deem Song elo ugeholl an eng ganz nei Versioun vum Klassiker erausbruecht. Dobäi huet hien d'Charakteristike vum Original zu engem groussen Deel bäibehalen: Ustiechend Melodie, mächteg Bassline a verréckt Vocals. Dat Ganzt ebe just an engem 2022er-Look. Wéi et ausgesäit sinn Remakes nach ëmmer am Trend a kommen einfach gutt un vue dass et eng perfekt Mëschung tëschent Klassiker a neiem Sound ass.

Aussergewéinleches:

Den DJ Majestic hat mat senger Hit-Single "Rasputin" war jo och schonn ee Remake vu Boney M war säin éischte groussen Hit erausbruecht. Mat dëser Single war den deemools nach zimmlech onbekannten DJ op eemol iwwer Nuecht op TikTok zu engem Superstar ginn a säi Lidd stoung no e puer Deeg iwwerall an den Charts.

Fréier Hits:

Bis zu sengem Release vun der Single "Rasputin" war den DJ Majestic eigentlech éischter an de britteschen Diskothéiken ënnerwee an huet sech just national schonn een Numm gemaach. "Rasputin" ass definitiv seng gréisste Single bis elo a wien weess, eventuell gëtt "Time To Groove" jo genee esou bekannt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

VIZE, Vinai, David Puentez & DVBBS