Déi däitsch Indie-Rock Band Giant Rooks ass zeréck mat hirer neister Single "Morning Blue".

Fakten:

Giant Rooks ass eng däitsch Indie-Rock Band déi sech am Joer 2014 gegrënnt huet an awer immens séier bekannt ginn ass. Elo sinn si zeréck mat hirer neister Single "Morning Blue" wat eng Mëschung tëschent Funk, Rock an enger Hook déi am Ouer hänke bleift ass. Wien wärend deene leschte Méint op engem Concert vun der Band war dierft dann och schonn d'Single héieren hunn, vue dass si se och alt mol scho live gespillt haten.

Aussergewéinleches:

Och wann hir Single "Tom's Diner" schonn am Joer 2019 erauskomm war, ass d'Lidd am Joer 2021/2022 nach eng Kéier viral gaangen. Dat well d'Band AnnenMayKantereit et gecovert hat. Op Instagram an TikTok gouf d'Lidd dofir nach eng Kéier zu engem Hit an huet och Giant Rooks nach en Kéier gehollef nach méi bekannt ze ginn.

Fréier Hits:

Obwuel sech dee jonke Quintett eréischt 2014 gegrënnt gouf, gëtt e scho mat internationale Gréisste wéi Arcade Fire an Alt-J verglach an als intressantsten Newcomer vun der däitscher Indie-Zeen gehandelt. Si kombinéieren experimentelle Sound mat poppegen Elementer. Mat der Single "Wild Stare" haten si 2019 een éischten Hit. Awer och d'Single "Tom's Diner" gehéiert zu deene Lidder déi net méi an engem Live-Set dierfe feelen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Leoniden, Kraftklub, Bosse