No sengem Album am Joer 2019 ass déi brittesch Sängerin elo zeréck mat enger ganz neier Single.

Fakten:

Déi brittesch Sängerin Ellie Goulding dierft spéitstens no sengem Hit "Burn" am Joer 2013 jidderengem ee Begrëff sinn. Elo ass d'Musekerin zeréck mat senger aktueller Single "Easy Lover". An der Single séngt d'Ellie Goulding dovunner, dass een sech séier a Leit verléift déi ee cool an interessant fënnt. Ganz dacks fillt déi aner Persoun an dem Moment awer nach net esou. Bei dëser Single huet d'Sängerin da mam Rapper Big Sean zesumme geschafft an doduerch ass eng Single entstanen déi mol eng Kéier bëssen een anere Sound huet.

Aussergewéinleches:

D'Ellie Goulding war vun 2011 bis 2012 mam amerikaneschen DJ a Museksproduzent Skrillex zesummen, deen an der Zäit och zum Mega-Star ginn ass. Schonn am Alter vu nëmme 15 Joer huet d'Musekerin sech och selwer bäibruecht Gittar ze spillen an huet dunn och seng éischt Lidder geschriwwen. Niewebäi kann d'Musekerin dann awer och nach Perkussioun a Klarinett spillen.

Fréier Hits:

Déi 35 Joer al brittesch Sängerin Ellie Goulding hat am Joer 2013 säi groussen Duerchbroch mat der Single "Burn" mat der hat et international zimmlech iwwerall bis ganz no uewen an d'Charts gepackt hat. Awer och säi leschten Album "Brightest Blue" war immens gutt ukomm a stoung international och wäit uewen an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Anne-Marie, Years & Years, Zara Larsson