Fir seng nei Single huet de Calvin Harris sech nawell eng ganz Rei u Verstäerkung mat an d'Boot geholl.

Fakten:

5 Joer si vergaange säit de britteschen DJ säin leschten Album "Funk Wav Bounces Vol.1" erausbruecht huet. Dëst Joer soll dann endlech de Nofollger vun dësem Album also de "Vol.2" op de Marché kommen. De Calvin Harris huet elo mat "Stay With Me" eng groovy Funk-Single released, bei der hien sech och eng Rei Leit gesicht huet, déi hien hei géifen ënnerstëtzen. Dës Kéier sinn dann den Justin Timberlake, d'Halsey an de Pharrell mat dobäi a suergen dofir, dass dës summerlech Single fir dës Joreszäit einfach nëmme perfekt ass.

Aussergewéinleches:

Vue dass de Calvin Harris eigentlech guer net esou vill Albumen erausbréngt, huet hien awer lo an engem Interview verroden, dass dat dorunner kéint leien dass hie wierklech réischt Lidder erausbrénge géif wann se fir hien absolut perfekt a fäerdeg wieren. Hien wéilt nämlech net dass seng Lidder trotzdeem rau a net iwwerproduzéiert wiere, mee einfach perfekt.

Fréier Hits:

Den 38 Joer alen DJ aus Groussbritannien huet 2006 ugefaange Musek ze maachen an huet ëmmer rëm fir vill Hits gesuergt. hei gehéieren da Lidder wéi "How Deep Is Your Love" "Feel So Close" oder "Promises" déi bis haut zum Museker senge ganz groussen Hits gehéieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Purple Disco Machine, Lizzo & SG Lewis