D'Pink ass ganz spontan mat enger neier Single zeréck, déi him perséinlech och um Häerz läit.

Fakten:

Nodeems een nawell eng Zäit näischt méi vun der amerikanescher Sängerin Pink héieren hat, huet d'Musekerin sech virun e puer Deeg op Instagram zeréck gemellt an sech iwwert dat amerikanescht Gesetz iwwert d'Ofdreiwung opgereegt. Fir säi Post gouf d'Musekerin hefteg kritiséiert an als irrelevant duergestallt. Et gouf gesot hat sollt roueg sinn an einfach just sangen. Dat huet sech d'Pink awer net soe gelooss an ass direkt an de Studio gaangen an huet een neie Song opgeholl. Dobäi ass déi nei Single "Irrelevant" erauskomm. Am Song séngt d'Pink dovunner dass ee soll aktiv gi wann engem dat neit Gesetz net géif gefalen.

Aussergewéinleches:

Dëst ass schonn déi zweet Single vun der amerikanescher Sängerin déi ee politescht Thema als Hannergrond huet. Am Joer 2006 huet d'Pink schonn seng Single "Dear Mr. President" released gehat, mat der hat sech un den deemolegen US-Präsident George W. Bush geriicht huet.

Fréier Hits:

Am Joer 2000 koum säin Debutalbum "Can't Take Me Home" op de Maart, a schonn déi éischt Single "There You Go" huet Plaz 7 vun de US Billboard Charts erreecht. Weltwäit berüümt gouf hatt 2 Joer méi spéit mam Album "Missundaztood" an den Hits "Get The Party Started" grad wéi "Just Like A Pill". 2002 krut hatt de Grammy fir d'Interpretatioun vum Song "Lady Marmalade" zesumme mam Lil' Kim, Mya a Christina Aguilera.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Anastacia, Christina Aguilera, Alanis Morissette