De lëtzebuergeschen DJ a Produzent huet seng neiste Single haut erausbruecht.

Fakten:

Well alleguer d'Bookings wärend dem Lockdown op eemol ofgesot goufen, hat de WazToo endlech emol eng Kéier genuch Zäit fir sech och eegene Produktiounen ze widmen. An elo huet hien dann och eng ganz nei Single zesumme mat der Sängerin Rochelle Diamante erausbruecht. D'Lidd mam Numm "Can't Forget You" handelt eigentlech dorëms, dass eng Fra sech ee Mann wënscht dee wierklech just Ae fir hatt hätt. Am Endeffekt stellt sech awer raus dass de Mann just no sech kuckt a ganz selbtverléift ass. Obwuel hat ee Schlussstréch well bei der Bezéiung zéien, bleift hien him fir ëmmer am Kapp an hat kritt hien net vergiess.

Aussergewéinleches:

De WazToo dierft een hei zu Lëtzebuerg éischter aus der DJ-Zeen kennen. Zum Beispill huet hie schonn an der Rockhal an op alleguer deene grousse Festivallen hei am Land ewéi LOA an e-Lake gespillt. Och international huet hie schonn eng Partie héichkaräteg Locations a Festivallen opweises: Ministry of Sound, Nature One oder Ruhr-in-Love.

Fréier Hits:

An dem leschte Joer huet de WazToo eng ganz Rei un eegene Lidder erausbruecht. Hei sinn zum Beispill Lidder wéi "Low Lights", wat seng Debut-Single war oder "Alive" zimmlech gutt ukomm an hunn hien nach eng Kéier méi gepusht an der Musekszeen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Meduza, VIZE, Goodboys & Alok