Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vum Wes Nelson an dem French Montana!

Fakten:
Mat "Fly Away" si Summer-Vibes garantéiert! De Wes Nelson an de French Montana liwwere cool Hooks an e Feel-Good-R&B/Pop-Sound. Am Song ass ausserdeem den ikoneschen Diwali Riddim verschafft. Et ass dem Wes Nelson säin éischte Release zanter sengem 2021er-Erfolleg "Drive" (feat. Clean Bandit, Topic). Hien hätt an deene leschte Méint u ganz ville Songs geschafft, a géif hoffen, dass d'Ofstänn tëschent senge Releases net méi esou laang géife ginn.

Aussergewéinleches:
"Diwali" ass en erfollegräichen Dancehall-Riddim, deen 2002 vum Steven "Lenky" Marsden produzéiert gouf. "Riddim" heescht esouvill ewéi Instrumental-Stéck iwwert dat verschidde Museker a Sänger hiren eegene Song sangen. Et ass ze vergläichen mat engem Beat am Hip-Hop oder dem Groove am Funk. Richteg populär gouf den Diwali Riddim duerch Hits ewéi "Get Busy" (Sean Paul) oder "Never Leave You (Uh Oooh, Uh Oooh!)" (Lumidee). Och d'Black Eyed Peas hunn de Riddim schonn an diverse Songs gesampled, zum Beispill op "Hey Mama".

Fakten:
De French Montana kennt een ënnert anerem duerch säin Hit "Unforgettable". Donieft huet de Rapper am Laf vu senger Karriär scho 5 Alben erausbruecht, rezent war et de Kollabo-Album "Montega" zesumme mam Harry Fraud. De Wes Nelson ass a Groussbritannien duerch d'Show "Love Island" bekannt ginn an huet duerno ënnert anerem bei "The X Factor: Celebrity" oder "Dancing on Ice" matgemaach. Mat "Drive" an "Nice To Meet You" konnt hie bis elo seng gréissten Erfolleger feieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Ramz, Topic, Meel Mill & Kid Ink