Haut presentéiere mir iech déi nei Single "LOL" vum Mabel!

Fakten:
D'Mabel huet viru Kuerzem säin neie Longplayer "About Last Night..." erausbruecht. Entstanen ass e wärend dem Lockdown, ewéi alleguer d'Clubs zou waren. Mam Album hëllt d'Mabel eis mat op eng Party-Nuecht, mat Allem wat dozou gehéiert: D'Euphorie um Dancefloor, heem getrollt kommen wann d'Sonn schonn opgeet, awer och d'Frustratioun an den Tréine-verbonnene Libeskummer deen esou eng Sortie mat sech brénge kann. Op "About Last Night..." ze fannen ass och déi aktuell Single-Auskopplung "LOL", déi mat hiren Tropical-House-Vibes definitiv zu de Banger um Album gehéiert. Hei weist d'Mabel alleguer deenen Ex-Frënn déi en "NEE" als Äntwert net akzeptéieren de Mëttelfanger!

Aussergewéinleches:
D'Mabel ass an enger musikalescher Famill opgewuess. An net an enger Famill an där d'Elteren fréier e bësse Piano gespillt hunn an hiert Kand fréi an eng Musekschoul geschéckt hunn, mee an enger wierklech musikalescher Famill. Dem Mabel Alabama-Pearl McVey seng Mamm ass d'Neneh Cherry ("7 Seconds"), säi Papp Cameron McVey huet Alben fir Bands ewéi Massive Attack oder Sugababes produzéiert. Dobäi kënnt, dass säin Hallefbrudder Marlon Roudette a säi Monni Eagle-Eye Cherry heeschen!

Fréier Hits:
D'Mabel konnt direkt 2017 mat senger Debut-Single "Finders Keepers" en éischte groussen Erfolleg feieren, de Song hat et bis op d'Plaz 8 an de UK-Singles-Charts gepackt. Spéitstens mam Song "Don't Call Me Up" war d'Mabel och international bekannt ginn. Mat sengem Debut-Album "High Expectations" (August 2019) ass d'Sängerin op d'Plaz 3 an de britteschen Charts geklommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Becky Hill, RAYE, Dua Lipa & Ava Max