D'Billie Eilish huet no sengem Album "Happier Than Ever" lo zwee nei Lidder erausbruecht.

Fakten:

No sengem erfollegräichem Album "Happier Than Ever" huet déi amerikanesche Sängerin Billie Eilish elo zwee nei Lidder erausbruecht. Beim Song "The 30th" geet et ëm e Bekannte vum Billie Eilish, deen an engem schroen Accident verwéckelt war. D’Sängerin huet zwee Videoe mat Songtext op YouTube gesat. Wéi ëmmer huet hatt dës Lidder mat sengem Brudder dem FINNEAS geschriwwen. Dëse Song ass dann och bëssen anescht wéi een dat vun der Musekerin gewinnt ass. Amplaz vu fette Beats an däischteren Téin ass et eng komplett akustesch Single déi just aus dem Billie senger Stëmm an enger Gittar.

Aussergewéinleches:

D’Billie Eilish huet zwee nei Songs erausbruecht déi allen zwee als akustesch Versioun eraus komm sinn.  D'Lidder heeschen "TV" an "The 30th" a ginn dann als "Guitar Songs" beschriwwen. "TV" war scho bekannt bei de Fans vue dass d’Billie Eilish d’Lidd schonn op Tour a Groussbritannien gespillt hat. Den Audio gouf och op sengem Concert zu Manchester opgeholl. An engem Statement sot d’Sängerin dass hatt bei dëser Versioun eng Héngerhaut kritt well d’Fans all zesumme sangen.

Fréier Hits:

D'Billie Eilish gouf mat der Single "Bellyache" bekannt, an den internationalen Duerchbroch gepackt. Matgeschriwwen a co-produzéiert gouf de Song vu sengem Brudder Finneas O’Connell. Mat "Bad Guy" hat hatt säi gréissten Hit. Haut gehéiert déi nach zimmlech jonk Musekerin zu deene gréisste Staren aus der Museksbranche an ass ganz uewen ukomm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Lorde, Halsey, Ellise