Den Johnny Chicago ass zeréck mat enger ganz neier a summerlecher Single "Tonight"

Fakten:

De lëtzebuergesche Komponist, Museker a Sänger Johnny Chicago huet sech fir seng neiste Single mam amerikaneschen DJ Emblè an dem Singer a Songwriter Deen Jenkins vu Bitburg zesummegedoen. Doraus ass déi ganz relax a summerlech Single "Tonight" entstanen. D'Single huet Elementer aus dem Chill-House, dem Indie a souguer dem Country. D'Single soll einfach gutt Laun mat sech bréngen an ee Soundtrack fir relax Owender sinn.

Aussergewéinleches:

Dës Single ass dann och schonn déi zweet Single déi den Johnny Chicago zesumme mam DJ Emblè vu Boston erausbruecht huet. Virun e puer Wochen haten si well d'Single "Outta This World" released gehat. Elo maachen si hiren Dance-Pop mat der Single "Tonight" weider. A wien weess wéi vill Lidder déi zwee nach zesummen erausbrénge wäerten.

Fréier Hits:

"Tonight" ass déi 5. Single déi den Johnny Chicago fir dëst Joer erausbréngt. Zu sengen Hits gehéieren dann och nach Lidder wéi "A Thousand Times", "Outta This World" oder och "Keep Loving You". De Museker huet an Zwëschenzäit op Spotify bal 400.000 Nolauschterer pro Mount wat och wierklech net schlecht ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Brett Miller, Sanna North, Vallia