Den Jason Derulo ass zeréck mat engem Song, deen déi meescht vun TikTok misste kennen.

Fakten:

Den Jason Derulo bréngt et eigentlech fäerdeg aus all Song bei dem hien eppes dermat ze dinn huet een Hit ze maachen. Lo ass hien zeréck mat engem Lidd wat et, wéi kéint et och anescht sinn, op TikTok zum Mega-Hit gepackt huet. Mam Text “My money don’t jiggle jiggle, it folds/I’d like to see you wiggle, wiggle, for sure.” deen de Regisseur Louis Theroux an enger Talkshow als Witz gerappt hat, ass dës Single entstanen. An Zwëschenzäit gouf dës Single dann och scho Millioune Mol benotzt fir TikTok Videoen ze dréinen an ass ee richtegen Hit ginn.

Aussergewéinleches:

Ëmmer rëm sinn et Lidder déi ee vun TikTok kennt, déi et bis ganz uewen an d'Charts packen. Do mierkt een einfach, dass d'Videoplattform einfach net méi ewechzedenken ass an dass een doduerch och einfach mol iwwer Nuecht kann zum Superstar ginn. Et musse just déi richteg Leit däi Lidd als Sound fir hire Video benotzen.

Fréier Hits:

Den Jason Derulo ass duerch Lidder wéi "Savage Love" oder "Acapulco" bekannt ginn. Och d'Videoplattform TikTok huet him gehollef nach méi Fans ze erreeche vue dass een op seng Lidder ëmmer rëm gutt danze kann. Falls een sech eng Kéier net sollt sécher sinn ob d'Lidd wierklech vun him ass, da muss een einfach just oppassen ob den Jason Derulo net säin Numm am Ufank eng Kéier séngt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Taio Cruz, Flo Rida, Will.i.am