
© NIKLAS HALLE'N / AFP
De brittesche Singer a Songwriter Tom Grennan ass zeréck mat senger summerlecher Single "All These Nights".
Fakten:
De 27 Joer ale brittesche Sänger Tom Grennan ass zeréck mat senger neister Single "All These Nights". An dësem Lidd séngt hien dovunner, dass et heiansdo ee ganz gutt Gefill ass ze wëssen dass ee Léit ronderëm sech huet déi engem gutt doen. Dat wiere meeschtens Leit déi der Freed géife bréngen. Dëst wier dann och mental een neit Kapitel am Tom Grennan sengem Liewen.
Aussergewéinleches:
Als Teenager wollt den Tom Grennan Profifuttballspiller ginn. Hien huet sech dunn awer fir d'Musek decidéiert. Dës Decisioun dierft den 21 Joer ale Sänger kaum bereien. Hautzedaags ass hien ee vun deene bekanntste Pop-Sänger a Groussbritannien an dierft warscheinlech well laang net méi u seng Sportlerkarriär geduecht hunn.
Fréier Hits:
2016 huet den Tom Grennan seng Debüt-EP "Something In The Water" eraus bruecht. Den Titeltrack war deen éischte groussen Hit fir de Museker. De Sänger Tom Grennan ass da mat Lidder wéi "Found What I've Been Looking For", "Little Bit Of Love" an "By Your Side" berüümt ginn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Ten Tonnes, Sea Girls, Sam Fender