Easy Life suergen ëmmer rëm fir gutt Stëmmung mat hirer Musek. Elo sinn si zeréck mat hirer neister Single "OTT".

Fakten:

Easy Life ass eng Band déi aus 6 Museker besteet déi eigentlech all zimmlech d'Liewe féieren an heiansdo mol méi verréckt a witzeg Saache maachen. Elo ass d'Band zeréck mat hirer neier Single "OTT" déi si zesumme mat der Sängerin Benee erausbruecht hunn. D'Wuert "OTT" steet da fir "Over The Top" a genee dat beschreift d'Band Easy Life eigentlech och zimmlech gutt. De Sound vun der Single besteet aus relaxen Hip-Hop Beats, déi mat Pop-Melodien ënnerluecht sinn. Dës Single wäert dann och op hirem neien Albu "Maybe In Another Life" mat drop sinn, deen den 12. August rauskomme wäert.

Aussergewéinleches:

Wann een sech d'Social Media Kanäl vun Easy Life an och dem Benee ukuckt, da kann dat nawell zimmlech ënnerhalsam sinn. Easy Life zum Beispill poste gär Fotoe vu Festival-Toilettë mat Ausbléck op ee Séi a schreiwen dobäi: Déi warscheinlech beschte Platz fir op d'Toilette ze goen!" Beim Benee geet et haaptsächlech ëm d'Iessen an hat huet just Videoen op TikTok wou hat sech beim Iesse filmt.

Fréier Hits:

Hiren 2021er Album "Life's a Beach" ass immens gutt ukomm an Hits wéi "Nightmares" "Ocean View" oder "Skeletons" dierfen op kenger Setlist méi feelen. Mat dëse Lidder huet sech Easy Life da wierklech bis ganz no uewen an déi international Charts katapultéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

The Magic Gang, Cassia, Nix Northwest