Den DJ a Produzent Marshmello ass zeréck mat senger neier Single "American Psycho"

Fakten:

Fir seng neiste Single huet den DJ a Produzent Marshmello sech mat der brittescher Sängerin Mae Muller an dem Trippie Redd zesummegedoen. Raus komm ass d'Single "American Psycho" bei der d'Mae Muller dovunner séngt, dass säin Ex an der leschter Bezéiung definitiv deen toxeschen Deel war. An der Strophe vum Trippie Redd séngt hien dovunner, wéi et warscheinlech op der anere Säit vun der Bezéiung muss ausgesinn hunn. Dat ganz gëtt vum Marshmello senge Beats ënnermoolt an doduerch entsteet eng Single déi definitiv Loscht op Party mëscht an ee Refrain huet deen direkt am Ouer hänke bléift.

Aussergewéinleches:

"American Psycho" ass déi zweet Single vum Marshmello déi hien dëst Joer erausbruecht huet. Viru kuerzem hat hien och schonn d'Single "Numb" zesumme mam Khalid released gehat. Dëst Lidd hat dann och schonn an deenen éischte 6 Woche scho méi wéi 75 Millioune Streams erreecht. Dës Single huet den DJ dann natierlech och bei sengem Closing-Set um Tomorrowland Festival gespillt gehat.

Fréier Hits:

De Marshmello ass scho laang keen Onbekannte méi an der DJ Zeen. Hien huet op alle grousse Festivalle gespillt an huet mat Hits wéi "Happier", "Silence" oder och "Leave Before You Love Me" zesumme mat den Jonas Brothers d'Charts weltwäit erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

The Chainsmokers, Mike Perry, Maritin Jensen