Den däitsche Reggae Museker ass zeréck mat enger ganz summerlecher Single.

Fakten:

Den däitsche Reggae Sänger, dee jo och schonn d'lescht Joer am Kader vun de Concerten um Glacis hei zu Lëtzebuerg opgetruede war ass zeréck mat senger neier Single "Things Will Be Greater". D'Joer 2022 ass voll mat globale Krisen a vill Leit si veronséchert. Den Gentleman huet schonn ëmmer méi kritesch op d'Gesellschaft gekuckt a well mat dësem summerlechem Song lo de Leit weisen, dass ee soll positiv bleiwen an ëmmer u sech gleewe soll. Hien seet dass een ëmmer soll no vir kucken an da géifen d'Saachen och an Zukunft rëm méi positiv ginn.

Aussergewéinleches:

Nieft sengen Tracks op Däitsch an Englesch, séngt den Gentleman och op Patois, och nach genannt Patwa(h). Dat ass eng Kreolsprooch mat englesche Wuerzelen, déi virun allem op Jamaika verbreet ass. Patois gëtt ausserdeem op anere Karibik-Inselen ewéi Belize, Costa Rica, Panama oder Guatemala ewéi och a verschiddenen Deeler vun den USA an a villen anere Länner geschwat.

Fréier Hits:

Mat sengen däitschen Tracks "Schöner Tag (feat. Sido & Jugglerz)", "Devam (feat. Luciano & Ezhel)" oder "Ahoi" hat den Gentleman an der Lescht groussen Erfolleg. Virun allem sinn et awer seng englesch-sproocheg respektiv international Songs ewéi "It No Pretty", "To The Top", "Superior" oder "Intoxication" déi jiddereen dierft a gudder Erënnerung hunn!

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Ky-Mani Marley, Seeed, Max Herre & Tamika