Den däitschen DJ a Produzent Robin Schulz ass bekannt fir seng Hits. Elo ass hien zeréck mat senger neister Single "Sun Will Shine" zesumme mam Tom Walker.

Fakten:

Den däitschen DJ Robin Schulz  ass definitiv ee Weltstar an huet sech lo fir seng neiste Single "Sun Will Shine" Ënnerstëtzung vum schottesche Singer a Songwriter Tom Walker geholl. Doraus ass eng Single entstanen, déi immens relax ass an trotzdeem viru geet. De Robin Schulz selwer seet dass dësen Track dee perfekten ass fir ee schéine Sonnenënnergang ze genéissen. Awer och iwwert d'Zesummenaarbecht freet den DJ sech vue dass hie schonn ëmmer ee grousse Fan vum Tom Walker a senger Stëmm war.

Aussergewéinleches:

De Robin Schulz huet ënnert dem Numm "Mentalo Music" säin eegene Label gegrënnt. Domat geet fir hien een Dram an Erfëllung. "Oxygen" ass déi éischt Verëffentlechung um Label. Do wëllt den däitsche Produzent awer net seng eege Musek eraus bréngen, mee och Newcomer ënner Kontrakt huelen.

Fréier Hits:

De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" feat. Lilly Wood & The Prick eraus komm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok", oder vru kuerzem mam Harloe den Hit "All this Love". Awer och säin Album "Sugar" aus dem Joer 2015 ass voll mat Hits an huet hien op déi ganz grouss Bünen op der Welt bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Felix Jaehn, Avicii, Kungs