Den amerikanesche Rapper Russ huet sech fir seng nei Single nawell prominent Ënnerstëtzung geholl.

Fakten:

De Russ ass een amerikanesche Rapper, Singer a Songwriter sou wéi och Produzent. Elo ass hien dann och zeréck mat enger ganz neier Single fir déi hie sech nawell zimmlech prominent Ënnerstëtzung geholl huet. Hien huet nämlech beim Lidd "Are You Entertained" mam Ed Sheeran zesummegeschafft, wat fir de Russ laang schonn een Dram war.

Aussergewéinleches:

Wéi de Russ den Ed Sheeran déi éischte Kéier begéint huet, war hien an engem Restaurant an huet den Ed ugeschwat. De Russ war sech sécher dass den Ed Sheeran hien net géif kenne mee gouf dunn awer eppes besserem beléiert. De ganzen Owend hunn déi zwee matenee geschwat an och déi eng oder aner Fläsch Wäi gedronk. Esou ass dann och d'Zesummenaarbecht entstanen an si hunn sech direkt immens gutt verstanen.

Fréier Hits:

Am Mee 2017 huet de Russ säin éischten Album "There's Really A Wolf" erausbruecht, mat dem hien sech deen éischten Numm an der Museksbranche gemaach huet. Awer och weider Lidder wéi "Losin", "What They Want" oder "Psycho" gehéieren zu senge groussen Hits mat deenen hien och berüümt ginn ass.

Wann iechdat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:   

mike., Phora, Bryce Vine