De Benny Blanco huet sech fir seng neiste Single BTS an de Snoop Dogg als Ënnerstëtzung geholl.

Fakten:

De 34 Joer ale Produzent Benny Blanco huet sech fir seng neiste Single d'K-Pop BTS wéi och de Rapper Snoop Dogg mat u Bord geholl. BTS sinn domadder also och rëm zeréck aus hirer Paus a maachen dann och lo als Band rëm Musek. Am Museksvideo vun der Single geet et dann och dorëms dass de Benny Blanco ee risege BTS Fan ass a sech de ganzen Dag op ee Concert vun der Band virbereet. Ee Video dee wierklech witzeg produzéiert ass an een definitiv soll kucken.

Aussergewéinleches:

De Benny Blanco ass awer och keen Onbekannte wann et ëm Lidder vun anere grousse Stare geet. Hei huet hien zum Beispill dem Katy Perry seng Lidder "I Kissed A Girl" an "Hot N Cold" mat produzéiert. Fir dem Britney Spears säin "Circus" Album war de Benny Blanco och als Co-Produzent a Songwriter mat dobäi.

Fréier Hits:

Dem Benny Blanco säin Album "Friends Keep Secrets" aus dem Joer 2018 huet hien direkt berüümt gemaach vue dass hei Lidder wéi "Eastside" zesumme mam Halsey a Khalid oder och "Roses" mat drop waren. 2021 ass dunn säin zweeten Album erauskomm deen dann och ganz innovativ "Friends Keep Secrets 2" heescht.

Wann iechdat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:   

NOTD, Loud Luxury, Cheat Codes