Déi kanadesch Sängerin huet seng neiste Disco-Pop-Single "Beach House" zeréck a suergt fir gutt Stëmmung.

Fakten:

Déi kanadesch Singer a Songwriterin Carly Rae Jepsen huet mat der Single "Beach House" eng summerlech nei Single released, déi dann och schonn déi zweet Single Auskopplung vu sengem neien Album "The Loneliest Time". Hannert dem positive Sound vun der Single verstoppt sech eng seriö Story. D'Sängerin séngt dovunner, dass hat einfach keng Chance bei de Männer huet. Ëmmer wann hat op engem Date mat engem gewiescht wier, hätt sech herno erausgestallt, dass et einfach net géif passen.

Aussergewéinleches:

Den 21. Oktober wäert d'Carly Rae Jepsen da säin neien Album "The Loneliest Time" op de Marché bréngen. Dëst wäert dann och schonn de 6ten Longplayer sinn deen d'Musekerin wäert erausbréngen. Ob dësen Album och u säin Hit-Album "Kiss" mat zwee Grammy's wäert erukommen, gesi mer dann an Zukunft.

Fréier Hits:

D'Carly Rae Jepsen ass am Joer 2012 säin Album "Kiss" released gehat, op dem ënnert anerem och d'Single "Call Me Maybe" mat drop war. Nach bis haut ass dëst der Musekerin hire gréissten Hit an dierf a kenger Playlist feelen. Op Spotify gouff de Song dann och schonn iwwer 850 Millioune mol gestreamed.

Wann iechdat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:   

Allie X, Shura, Sky Ferreira