Déi amerikanesch Band huet lo d'Single "Boy" released, déi ee jo scho vun hire Concerte kannt huet.

Fakten:

Déi amerikanesch Band The Killer huet virun e puer Woche jo och hei zu Lëtzebuerg am Kader vum Belval Open Air viru ronn 10.000 Leit gespillt. Elo sinn si zeréck mat hirer neister Single "Boy". An engem Interview huet d'Band gesot, dass "Boy" déi éischt Single war, déi si an der Pandemie geschriwwen haten. Dat géif eben och bedeiten, dass dëst Lidd scho ronn zwee Joer al ass. An der Single well de Sänger sengem Jong vu 16 Joer soen, dass hien d'Liewe soll genéissen an sech net ze vill a Gedanke verléiere soll.

Aussergewéinleches:

The Killers waren op grousser Concerts-Tournée an hunn ënnert anerem um "Mad Cool Festival" zu Madrid gespillt. Nodeems et a punkto nei Musek säit leschtem Joer roueg gi war bei The Killers hunn si bei dësem Optrëtt lo awer eng ganz nei Single mam Numm "Boy" gespillt gehat. An engem Interview huet d'Band dann och confirméiert, dass si am Moment well amgaang wieren un hirem aachten Album ze schaffen. Dëse soll dann och manner poppeg a rëm méi rockeg ginn.

Fréier Hits:

Am Joer 2004 hunn d'Killer definitiv hire Peak vun der Karriär mam Release vun hirem Album "Hot Fuss" erreecht gehat. Op dësem waren dann och Lidder wéi "Mr. Brightside" oder "Somebody Told Me" mat drop. Déi ginn op all Concert bis haut nach gespillt an och vun de Fans matgesongen.

Wann iechdat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:   

Kasabian, Kaiser Chiefs, Franz Ferdinand