
© Youtube Screenshot
Déi brittesch Sängerin ass zwar am Moment mam Ed Sheeran op Tour mee huet trotzdeem eng nei Single released.
Fakten:
Déi 22 Joer al brittesch Sängerin Maisie Peters huet et gepackt bis ganz no uewen an der Museksbranche ze kommen. Elo ass d'Sängerin da mat senger ganz neier Single "Blonde" zeréck. Am Lidd séngt hat wéi et ass sech selwer ze vertrauen, sech selwer gär ze hunn an ëmmer zu sech selwer ze stoen, och wann een do heiansdo och mol dorunner zweiwelt. D'Sängerin huet dann och lo passend zum Lidd seng Hoer blond gefierwt a behaapt mol dass blond Leit méi Spaass am Liewen hätten.
Aussergewéinleches:
De Song ass och nach wierklech net laang dobaussen an trotzdeem huet d'Lidd op TikTok schonn iwwert eng Millioun Views erreecht. Ganz geschwënn soll et dann awer och nach weider goe mat neier Musek. Den 19. August kennt da schonn déi nächst Single mam Numm "Good Enough" eraus, wat éischter ee ganz emotionale Song wäert ginn. Am Moment ass d'Musekerin mam Ed Sheeran op grousser Welttournée fir als Virgrupp opzetrieden.
Fréier Hits:
D'Maisie Peters huet seng Karriär ugefaangen, andeems hatt fir YouTube Lidder wéi "Toast", "Birthday" a "First place" opgeholl huet. Säin Debütalbum "Dressed Too Nice For A Jacket" ass am November 2018 eraus komm. Säin Album aus dem Joer 2021 "You Signed Up For This" ass immens viral gaangen a gëtt als ee vun deene beschten aus dem ganze Joer gehandelt.
Wann iechdat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Freya Ridings, Matt Simons, Tom Walker