Déi brittesch Indie-Rock Band Bastille ass zeréck mat hirem neie Song "Revolution".

Fakten:

Ufanks 2022 huet d'Band Bastille jo hiren neisten Album "Give Me The Future" released gehat. Elo ass d'Band dann awer schonn zeréck mat hirer neister Single "Revolution" déi dann als Bonus-Single vum Album erauskomm ass. "Revolution" ass dann och op der neier Versioun vum Album mat drop, déi ënnert dem Numm "Give Me The Future + Dreams Of The Past" wäert erauskommen. Dëse soll dann och schonn de 26. August op de Marché kommen.

Aussergewéinleches:

Den Album "Give Me The Future", deen de 4. Februar 2022 op de Marché komm ass, ass immens gutt bei de Fans ukomm a stoung och fir eng ganz laang Zäit ganz uewen an den internationalen Charts.

Hei kenn der iech och nach eng Kéier eisen Albumcheck komplett duerchliesen!

Fréier Hits:

Déi brittesch Indie-Rockband ass duerch hire groussen Hit "Pompeii" aus dem Joer 2013 berüümt ginn. Awer och d'Single "Things We Lost In The Fire" huet d'Band un d'Spëtzt vun den internationalen Charts katapultéiert. Nach haut lafen dës Lidder vill op de Radiostatioune weltwäit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:   

Walk The Moon, Of Monsters And Men, Banners