Haut presentéiere mir iech deen aktuellen Hit vum Rosa Linn!

Fakten:
Beim Eurovision Song Contest 2022 an Italien ass Armenien nëmmen 20. ginn. Zwee Méint duerno ass et trotzdeem den armenesche Bäitrag "Snap" deen nohalteg dee gréissten Erfolleg feiert. Esou richteg vill léisst sech iwwert déi armenesch Interpretin Rosa Linn awer net an Erfarung bréngen. Hatt wier eng Fra aus Wanadsor, där drëtt-gréisster Stad an Armenien, an am Fong hätt alles géint hatt geschwat, steet am Presse-Text vum ESC. Weider heescht et doran, dass d'Musekerin deem awer mat haarder Aarbecht an Exigenz entgéinthale wéilt. An déi huet sech definitiv gelount, well ëm dee folkegen Ourewuerm huet sech e reegelrechten Hype entwéckelt.

Aussergewéinleches:
Bei engem musikaleschen Hype ass TikTok hautdesdags fir gewéinlech net wäit ewech - esou och beim Rosa Linn sengem "Snap". Mëttlerweil si schonn iwwer 400.000 Videoen op der Plattform mam Sound eropgeluede ginn. Och an den Charts leeft et fir de Song a ganz villen europäesche Länner richteg gutt. An de UK-Singles-Charts steet d'Sängerin aktuell op der Plaz 28, an Däitschland ass et fir de Moment esouguer d'Plaz 15. Och a Südafrika, Kanada, Australien an an Neiséiland packt d'Lidd et aktuell an d'Charts. Donieft ass "Snap" an de Spotify- a Shazam-Charts wäit vir vertrueden.

Fréier Hits:
Op den offizielle Kanäl vum Rosa Linn, fënnt een nieft "Snap" just nach ee Release mam Titel "KING". Dësen ass d'lescht Joer virum Hype erauskomm an huet deementspriechend däitlech manner Streams a Views. Soss ass wéi gesot net wierklech vill iwwert d'Armenierin bekannt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Of Monsters And Men, Mumford & Songs & Matt Sanders