Haut presentéiere mir iech d'Comeback-Single vum Macklemore!

Fakten:
Mat "Chant" huet de Macklemore seng éischt Single fir dëst Joer erausbruecht. Zesummegeschafft huet hien dofir mat der australescher Sängerin Tones And I. Déi Zwee hu sech ufanks 2020 zu Seattle bei engem Optrëtt vum Toni Watson kennegeléiert. "There was some magic and I instantly fell in love with her personality", sot de Rapper no der Begéignung - "Meeting Macklemore was the greatest thing that's ever happened to me, he is like a big brother", sot d'Tones And I. Tëschent deenen Zwee schéngt et also wierklech ze funktionéieren. Op "CHANT" zelebréieren déi zwee Museker dem Macklemore seng Karriär, loosse vill Momenter Revue passéieren a weisen sech awer och motivéiert fir d'Zukunft an déi nächst Projeten. De Song ass iwweregens och déi éischt Single-Auskopplung vun engem ganz neie Macklemore-Album.

Aussergewéinleches:
Et ass definitiv aussergewéinlech, dass hautdesdags ee Museker sech esou oppen iwwert déi modern Museksindustrie äussert, dofir liest hei einfach selwer dem Macklemore säin Insta-Post:

Fréier Hits:
Dëst Joer feiert dem Macklemore säi legendären Album "The Heist" (2012) deen hien zesumme mam Ryan Lewis realiséiert huet schonn 10 Joer. Mat drop waren deemools "White Walls", "Same Love", "Thrift Shop" a "Can't Hold Us" - et si bis haut seng gréissten Hits. 2014 goufe Macklemore a Ryan Lewis fir Best New ArtistBest Rap Album ("The Heist")Best Rap Song Best Rap Performance mat 4 Grammys ausgezeechent.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Mac Miller, G-Eazy, Ray Dalton & Ryan Lewis