Haut presentéiere mir déi nei Single vum Nina Chuba!

Fakten:
Mat "Wildberry Lillet" verëffentlecht d'Nina Chuba elo schonn déi 5. Single fir dëst Joer. Nach ier de Song offiziell erauskomm ass, hat d'Rapperin d'Hook a weider Ausschnëtter vum Song op sengem TikTok-Kanal eropgelueden. Doduerch ass "Wildberry Lillet" bannent kuerzer Zäit viral gaangen. Mëttlerweil ginn et op der Plattform honnertdausende Videoen mat deem Sound. Bannent deenen zwee éischten Deeg nom Release hat d'Lidd op Spotify schonn iwwer 1 Millioun Streams. Generell steet d'Nina Chuba fir eng erfrëschend Mëschung aus Hip-Hop, Dancehall, Reggae a Pop an dat héiert een och op deem neien Track ganz kloer eraus. Op Highlife-Bléiser an engem fette Beat mécht d'Kënschtlerin däitlech, dass hatt a seng Léifst nëmmen dat Bescht verdéngen!

Aussergewéinleches:
Laang viru senger musikalescher Karriär war d'Nina Chuba Schauspillerin. Vläicht dierften e puer Leit hatt nach aus der NDR-Kanner-Serie "Die Pfefferkörner" kennen. D'Nina huet awer och an der ZDF-Police-Serie "Notruf Hafenkante" an am Film "Eine Hand wäscht die andere" matgespillt. Donieft hat hatt Haaptrollen a Projeten ewéi "Das Traumschiff - Hawaii" a "Letzte Spur Berlin".

Fréier Hits:
2016 huet dem Nina Chuba seng musikalesch Karrär als Singer/Songwriterin an der Band BLIZZ ugefaangen. No mässegem Succès huet hatt d'Band 2018 verlooss, ass op Berlin geplënnert an huet eng Solo-Karriär gestart. No etleche Songs op Englesch an zwee EP-Releases ("Power" 2020 & "Average" 2021) huet d'Nina Chuba Enn 2021 mat der Single "Alles gleich" säin Debut op Däitsch gefeiert. Vun do un ass et rasant biergop gaangen. D'Rapperin schafft mëttlerweil mat renomméierte Produzenten ewéi Dokii, Juh-Dee oder Young Mesh zesummen, huet scho Features mat Kummer a Provinz a "Wildberry Lillet" ass um beschte Wee säi bis elo gréissten Hit ze ginn!

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Majan, Schmyt, Kummer & Provinz