Haut presentéiere mir deen neie Song vum Tones And I!

Fakten:
Den Titel vum Tones And I sengem neie Song ass am Fong relativ einfach erkläert: Den Charlie ass säi Labrador! D'Inspiratioun fir d'Lidd koum ewéi d'Sängerin dräi Méint laang ouni den Hond zu Los Angeles war an net ophale konnt un hien ze denken. An der neier Single freet d'Tones And I sech wat den Charlie da grad wuel esou mécht? Schläicht hie sech nuets eraus a geet mat aneren Hënn feieren? Innerhalb vun nëmmen dräi Stonnen war de Song iwwert de Véierbeener mam bronge Fell iwweregens fäerdeg.

Aussergewéinleches:
D'Musekerin iwwerrascht op "Charlie" mat engem funky Disco-Sound. Dovu soll et op senger neier EP méi ze héiere ginn. De Grond firwat et "just" eng EP a keen Album ass, huet d'Tones And I an engem Interview erkläert. Hatt kéint sech ganz einfach net virstellen e ganzen Album mam funky Disco-Sound ze realiséieren.

Fréier Hits:
Mat "Dance Monkey" ass d'Tones And I 2019 iwwer Nuecht zum Star ginn. Duerno koumen nach gréisser Erfolleger ewéi "Never Seen The Rain" oder "Ur So Cool". Rezent huet d'Sängerin eng Kollaboratioun mam Macklemore mam Numm "Chant" erausbruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Zoe Wees, Anne-Marie, Nea & Mimi Webb