Déi amerikanesch Sängerin huet säin neien Album released, ob dem och d'Single "29" mat drop ass.

Fakten:

Déi 30 Joer al amerikanesch Sängerin Demi Lovato huet no sengem 2021er Album elo och säin neien Album "Holy Fvck" released. Op dësem neien Album ass dann och d'Single "29" mat drop, déi duerch TikTok ee richtegen Hype kritt huet. An der Single geet et drëm dass heiansdo an enger Bezéiung ee groussen Altersënnerscheed tëschent deenen zwee Partner herrscht. D'Fans denken dass d'Single em dem Demi Lovato seng Bezéiung zum Wilmer Valderrama geet, deen deemools 29 Joer al war an d'Sängerin 17 Joer.

Aussergewéinleches:

Wéi immens vill modern Lidder ass och dem Demi Lovato seng nei Single "29" een Trend op TikTok ginn a gouf scho méi wéi 4 Millioune mol fir Videoe benotzt. Och wann den Album réischt den 19. August erauskomm ass, ass d'Single och op Spotify schonn 3,9 Millioune mol gelauschtert ginn.

Fréier Hits:

Zu deene ganz groussen Hits vun der amerikanescher Sängerin gehéiere Lidder wéi "Heart Attack", Cool for the Summer" oder "Sorry Not Sorry".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Selena Gomez, Fifth Harmony, Madison Beer